Fir all dei wou mengen dass Dragonforce hier Lidder an Studio Digital méi séier maachen hunn net Recht (Studioforce)!
Den Konsert war, eunie iwwerdreiwen, den beschten ob dem ech jee war, an et geet och verdammt schwéier fir dat erëm ze Toppen!. Ok ech war bis elo och nëmmen ob en grad voll Konserten mä meng besser Qualifizéiert Begleedung war absolut der selwechter Meenung an esou sinn ech mer an menger Sach relativ sécher.
Ech hunn festgestallt dass Power Meatel och Witzeg kann sinn! JO WITZEG! Déi zwee Guitaristen , HERMANN Li an Sam Totman, hunn regelméisseg Witzer iwwert den aneren gerappt weubei d’Music och net ëmmer am Virdergrond Stoung, wat awer absolut keng Kritik ass. En klengt Beispill:
Li zum Sam: Kuck dech mol hu, du verfeiers jo ëmmer méi Hoer
Sam zum Li: egal wéinstens hunn ech net esou en klengen Schw*** weis du!
Et war einfach en genoss hinnen nozekucken an hier Musek war net an wieder ze faassen! Den Ticket huet selbstverständlech och eng eiren Platz an mengem Zëmmer krit
Zesummegefaasst léist sech soen: dei 2 Stonnen 30 Minutten (+ -) geheiten zu den beschten wei ech bis elo hat, an den Tinitus den ech am Moment hunn ass mer dat absolut wäert an ech géif et ëmmer rëm maachen!
Update: Den Tinitus ass schon errem fort