25Feb

Zitat vun der Woch

FILED IN Zitat vun der Woch No Comments

Méng Mamm soot ëmmer: “Wanns Du voll bass, fuer mam Bus!”

Gené dofir hun ech mer é Bus kaaft.

Komment vum “Peffer Kär” ob wort.lu

, ,

24Feb

We didn't start the flame war – en Klassiker

FILED IN Web 1 Comment

, ,

23Feb

D'Gëlle Fra soll op hirem Sockel bleiwen!

FILED IN Allgemeng No Comments

Et ass schon en bëssen hier säit ech fir d’lescht geBlogt hunn. (Aarbecht an Sport haten vill Zäit geholl) Mee elo ass awer eppes vun eiser Regierung Beschloss ginn wat ech net verstoen kann!

Wéinst der Weltausstellung 2010 soll d’Gëllen Fra fir 6 Méint an China reesen!

Zur Sécherheet  gëtt en Kopie erstellt fir den Fall dass beim Transport eppes géif Schief goen! Mee ech Kopie ass awer net dat selwecht!

Dowéinst hoffen ech dass nach an ganzen Koup Leit sech menger Meenung unzeschléissen an en béissen Protestéieren.

Facebook Group

RTL.LU Artilel

11Feb

Google baut en Glasfasernetz an den USA – bis zu 1Gbps!

FILED IN Computer No Comments

, ,

10Feb

En klassiker vum Eldoradio

FILED IN Allgemeng | Web 2 Comments

09Feb

0XIF Gamer Fun Clan

FILED IN Computer No Comments

Schon en bessen mei lang existeier den 0XIf Clan, mee reicht seit gechter hun mer elo eng Internetseit. Am moment ass et nemmen eng Subdomain vun menger mee dat kann sech jo och nach änneren. Mer hun elo schon dei ang oder aner LAN-Party matgemch (HESE II, Sleepless9) an et wärten der och nach e pur dobei kommen (HESL III, CXT 14).
Eseu hun den muus.fabien an ech mol kurtz eng Internet Säit ob Been gestallt.

http://0xif.skuffer.org

Wei gesot mer hun reicht gechter um 18 auer ungefang an irgent wann kent villeicht och nach eng aner Domain wei z.B.: 0xif.org oder eseu änlech.

,

08Feb

HESE III

FILED IN Computer No Comments

Endlech ass et errem esouwäit. The3RD organiséieren errem hier HeiEleiSpillElei. Esouwäit wei ech weess ass et déi gegréisten lan am Land wou regelméisseg organiséiert gëtt an déi ass och ëmmer gutt besicht. Fir déi drëtten kéier ass dës LAN-Party zu Koplescht an der Sportshal n et sinnn ëmmer nach 128 Leit wou kennen kommen.

Déi lescht Joren hunn, wei ech fannen, ëmmer méi leit am Forum vun the3rd gemeckert, an behaapt si hätten fonnt dass d’Lan net gutt organiséiert wier. Kann ech elo net behaapten. Dat enzecht wou ech am leschten Joer ze beanstanden hat war dass et extrem waarm an der Hal war mä dat ass jo wuel kaum der Orga hier schold an dëst Joer ass d’lanParty och net am Summer mä am Abrëll. dat versprécht en bëssen méi eng Kaal Loft.

Fir den rächt, ech freeën mech schon drop errem, zesummen mat Frënn an leit dei ech net kennen ze zocken an Filmer ze Sharen :P

, , ,

TOP