Linux oder Windows oder OSX
FILED IN Computer No Comments
Ech geheiren eigentlech zu deenen User wou net nëmmen mat engem Betribssystem (BS) kennen schaffen. Ech brauch eigentlech en bëssen Ofwiesslung. Aus dem Grond hunn ech säit e pur Joer mäin Computer minimum 1 mol den Mount nei Installéiert an hunn dobäi ëmmer zwechend verschiddenen Windows Versiounen an Linux Distributieunen gewiesselt. Momentan sinn ech beim Debian 5.0 hänken bliwwen an fillen mech richteg wuel. Ech hat zwar am Ufank e pur klenger Problemer, mä wei ech den NTP Service um lafen hat an den NVidia Driver of funktionéiert huet, muss ech soen dass ech mech net bei bekloen kann. Well ech awer ëmmer ërrem gären en bëssen experimentéieren hunn ech einfach mol en Image vun mengen Disken erstallt, fir den Fall wou ech den Debian verschrotten, dass ech net errem vun 0 ufänken muss.
Mee ech kann awer och net ganz eunie déi aner BS’en. Esou trefft et sech gutt dass ech ob der Aarbecht XP hunn, um Notebook leeft OSX an zousätzlech leeft am OSX (dank Parralels Desktop) Windows 7. Esou ass all BS vertrueden an ech hunn meng Ofwiesslung.