Home > Web > Diaspora vs Facebook

Diaspora vs Facebook

Laut engem Artikel bei ZDNet.de sinn 60% vun der User bei Facebook onzefridden mat dem Schutz vun Privaten Daten. An obwuel et vill alternativen ginn, esou schéngt et wei wann déi net besser wären. Wei oft hunn ech schon vun Dateklau Skandaler hiren bei stidiVZ oder aneren Sozialen Netzwierker. Dat alles soll Diaspra besser maachen. Diaspora soll en dezentraliséiert Soziaalt Netzwierk ginn. (Ech soen “soll” well Diaspora nach an der Entwécklung ass.) Wat esou vill heescht wei dass alleguerten Daten  an dësem Sozialen Netzwierk lokal bei all Benotzer gespäichert sinn. Dat brenkt den Virdeel dass en sech sécher ass dass seng Daten net weider verkaf ginn, mä dat heescht och dass all Benotzer selwer verantwortlech ass dass seng Daten geschützt sinn. Ech kann mer gutt virstellen dass esou bal wei Diaspora Public gëtt, et och schon wäerten déi eicht Viren ginn déi Probéieren Daten ze klauen.

Fazit:

Ech sinn eigentlech iwwert all Alternative zu Facebook Positiv gestemmt. Mee well Diaspora nach an der Entwécklung as,muss en kucken an ofwaarden wat dat elo gëtt. D’Idee ass villäicht besser mä dat heescht nach laang net dass et zum Schluss och besser ass.

POSTED ON 23.05.2010, , ,

Comments:2

Leave my own
  1. claude Reply
    10/05/24

    Ech kéint jo lo eng Diskussioun iwwert d’Noutwendegkeet vu Sozialen Netzwierker unfänken, mä ech weess net ob mer dat wellen. ;-)
    Wat elo net ganz kloer eriwwer komm ass: “Wat esou vill heescht wei dass alleguerten Daten an dësem Sozialen Netzwierk lokal bei all Benotzer gespäichert sinn.” Heescht dat, dass ech och deng Daten gespäichert hunn? Dat bréngt jo direkt 2 Problemer mat sech
    1) Gëtt meng HDD dann vollgespammt?
    2) Sinn déi Daten dann encrypted? Soss sinn se jo nach vill méi exposed wéi virdrun. Do muss een firsichteg sinn.
    Brauch een fir Diaspora dann en eegenen Client, dass d’Daten lokal ofgespäichert ginn? Muss mäi PC dann dauernd u sinn fir dass ee mäi Profil kucken kann? Brauch ecn dann e lokalen Webserver oder wéi? :o

  2. admin Reply
    10/05/24

    Et ginn nach en pur froen déi nach net ganz kloer sinn. Mä du hues net onrecht. Et ginn e pur Saachen wou ech och nach um erfollege vun Diaspora zweiwelen. Et muss en elo einfach ofwaarden.

Leave a Reply

Trackbacks:0

Listed below are links to weblogs that reference
Diaspora vs Facebook from skuffer.org
TOP