08Apr

Den iPad an sein Prozessor

FILED IN Computer 1 Comment

Eigentlech sinn ech en Klasseschen Mac User ginn säit dem kaf vun mengem Mac Book. Dozou gehéiert och dass alles wou den Steve Jobs mat senger Firma entwéckelt, wei Gold ass. Ech sinn och eigentlech gespaant ob den iPad, wann en bis hei am Land eraus kennt, mä ech muss gestoen dass och ech en bëssen Skeptesch sin. An onzälegen Diskussiounen sinn Schwächten an Stäerkten vum iPad erëmgeklappt ginn, an dowéinst well ech elo net nach engkeier Dorop agoen. Mee haut hunn ech en Artikel bei Golem.de

gelies wou ech nawell en bëssen Erstaunt war.

Fir et kuerz ze maachen: Den angeblech vun Apple nei an revolutionär entwéckelten Chip A4 ass eigentlech naicht anescht wei en ganz normalen ARM Prozesser den en bëssen modifizéiert gouf an DDR2 Späicher krut. Dat behaapt zumindest iFixit an hierem Teardown.

Wei wann dat nach net géif duergoen, kéint et elo sinn dass Grafik Leeschtung vum iPad um Niveau vun engem iPgone 3GS leit. Ech soen “kéint” well iFixit den Grafik deel vum Chip nach net ganz Identifizéiert huet, mä et handelt sech wahrscheinlech ëm en Cortex A8 Chip. An net an Cortex A9 als Dual Core versieun.

, ,

27Jan

iPAD ass do!!

FILED IN Computer No Comments

Haut ass an den USA den neien iPad vun Allpe virgestallt gin. Ween nach neicht mat krut dat ass en Tablet Pc vun Apple weu schon vill gerüchter am Internet kurseiren.

Ech perseinlech kann mer gut virtellen eseu en ze kaafen. Mol kucken wat dat dengen kann an wat et kascht.

http://www.apple.com/ipad/

,

15Nov

Mein eichten Script

FILED IN Computer No Comments

Ongeféier en Mount nodeems ech mer en Mac ugeschaf hunn, sinn ech amgaang mech en bëssen méi mat Skripten zebeschäftegen.

Mam OSx ass och en Programm dobäi den sech “Apple Script Editor” nennt. Den Numm seet esou zimlech alles.

Esou hunn ech mäi eichten Skript geschriwwen. Fir e pur Lieser vun mengem Blog ass dat Wurt ”Skript” schon eppes extremTechnesches an wann en si géif froen ass dat “irgent eppes wat mat Computeren ze dinn huet”. Weubei anerer merbestëmmt Definitioun auswenneg opsoen kennen.

Den Skript ass eigentlech nëmmen dass mäin Computer mer Moien seet an den Drecksback eidel mëscht.

my_script

07Oct

MacBook Pro an iWeb09

FILED IN Computer | Web No Comments

Ech hun mir lechten Freiden en MacBook Pro kaaf an sin am moment amgangen dei enzel Programmer an Funktieunen ze erforschen. Do sinn ech ob den iWeb09 gefall.
iWeb09 ass en Programm dem et dem 0815 Benotzer erlabt eng relativ schein Website, einfach ze benotzen. Et brauch en keng virkentnisser, weubei et nie schlecht ass wann en z.B. wees wat FTP ass, fir den iWeb09 ze benotzen.

An ech iwerleen mir grad ob ech net soll mein WordPress Blog oofschafen an mam iWeb09 weidermachen.

,

TOP