23May

Diaspora vs Facebook

FILED IN Web 2 Comments

Laut engem Artikel bei ZDNet.de sinn 60% vun der User bei Facebook onzefridden mat dem Schutz vun Privaten Daten. An obwuel et vill alternativen ginn, esou schéngt et wei wann déi net besser wären. Wei oft hunn ech schon vun Dateklau Skandaler hiren bei stidiVZ oder aneren Sozialen Netzwierker. Dat alles soll Diaspra besser maachen. Diaspora soll en dezentraliséiert Soziaalt Netzwierk ginn. (Ech soen “soll” well Diaspora nach an der Entwécklung ass.) Wat esou vill heescht wei dass alleguerten Daten  an dësem Sozialen Netzwierk lokal bei all Benotzer gespäichert sinn. Dat brenkt den Virdeel dass en sech sécher ass dass seng Daten net weider verkaf ginn, mä dat heescht och dass all Benotzer selwer verantwortlech ass dass seng Daten geschützt sinn. Ech kann mer gutt virstellen dass esou bal wei Diaspora Public gëtt, et och schon wäerten déi eicht Viren ginn déi Probéieren Daten ze klauen.

Fazit:

Ech sinn eigentlech iwwert all Alternative zu Facebook Positiv gestemmt. Mee well Diaspora nach an der Entwécklung as,muss en kucken an ofwaarden wat dat elo gëtt. D’Idee ass villäicht besser mä dat heescht nach laang net dass et zum Schluss och besser ass.

, ,

TOP