08Apr

Den iPad an sein Prozessor

FILED IN Computer 1 Comment

Eigentlech sinn ech en Klasseschen Mac User ginn säit dem kaf vun mengem Mac Book. Dozou gehéiert och dass alles wou den Steve Jobs mat senger Firma entwéckelt, wei Gold ass. Ech sinn och eigentlech gespaant ob den iPad, wann en bis hei am Land eraus kennt, mä ech muss gestoen dass och ech en bëssen Skeptesch sin. An onzälegen Diskussiounen sinn Schwächten an Stäerkten vum iPad erëmgeklappt ginn, an dowéinst well ech elo net nach engkeier Dorop agoen. Mee haut hunn ech en Artikel bei Golem.de

gelies wou ech nawell en bëssen Erstaunt war.

Fir et kuerz ze maachen: Den angeblech vun Apple nei an revolutionär entwéckelten Chip A4 ass eigentlech naicht anescht wei en ganz normalen ARM Prozesser den en bëssen modifizéiert gouf an DDR2 Späicher krut. Dat behaapt zumindest iFixit an hierem Teardown.

Wei wann dat nach net géif duergoen, kéint et elo sinn dass Grafik Leeschtung vum iPad um Niveau vun engem iPgone 3GS leit. Ech soen “kéint” well iFixit den Grafik deel vum Chip nach net ganz Identifizéiert huet, mä et handelt sech wahrscheinlech ëm en Cortex A8 Chip. An net an Cortex A9 als Dual Core versieun.

, ,

TOP